Strauss Wellington
- 500 gr Strauße Filet um Steck 
- 500 gr Shiitake Champignons
- 2 deck Ennen
- kleng Bex „Entenleberpate“
- 1 ronnen Bliederdeeg
- Peffer, Salz, Paprika, Chili – Peffer, Soja-Zooss (facult.)
- Ueleg
 
Uewen op 220° virhëtzen.
 
Fleesch matt de Gewierzer an dem Sojaueleg areiwen an am woarmen Uleg gutt ubroden. Ofkille loossen.
 
 D’Halschecht vun den Shiitake Champignons kleng schneiden, Enn kleng würfelen an am Brotfett gut  dënsten , Entenliewerpaté derbäi a vermëschen. Nach e besseli nowierzen, ofkille loossen.
 
Bliederdeeg aus dem Pak huelen, oprullen an d’Fleesch dropleeën. D’Farce driwersträichen an alles am Bliederdeeg apaken. Ränner matt Ee bepinselen dass alles zesummenhällt.
 
30 Minuten am Uewen baken, nach 5 Minuten roue loosssen, a färdeg.
 
Dobäi schmaachen ganz gutt als Beilag di aner Halschent vun den Champignons déi een op Manéier vum Rezept „Shiitake mit Balsamico“ (just ouni Parmesan) zoubereet huet.
 
 
Gudden Appetit