Mir fannen ëtt flott dass dir eis op eiser Straussefarm am Internet besichen kommt.
Als
Belounung kritt
dir och e puer Informatiounen. |
Eis Straussefarm besteet ewell schon zënter 1994. Mir haten en
Baurebetrieb matt nëtt allzevill Mëllechquoten an wollten dofir emol
eppes aneschtes probéiren, eppes watt ëtt hei am Land nach nëtt
gouf, a watt am Ausland z.B. an der Belge an an Holland vill Succès
hat. |
 |
Ugefangen hu mer matt 10 klengen Straussen, an elo, 10 joer
duerno hu mer der em di 300.
Di exotesch Déieren hun sech gutt bei eis agelieft a lafen dobaussen op der Wis. |
Eis Straussen gin virun allem gehalen weens dem gudden cholesterinarmen Fleesch. Praktesch all
Woch gëtt zu Wecker an der Coboulux geschluecht. |
|
D'Verschneiden vum Fleesch gëtt vun eis selwer gemach . Mir sin e
Selbstvermarktungsbetrieb a verkafen niewend Straussefilet an - steak |
och Zoossissen, Paté, Straussinger
(Thuringer aus Straussefleesch) , Knackien.
|
 |
Straussefleesch ass immens gutt fir ze grillen
a fir Fondue. Alles kritt éen
awer nëmmen op
Bestellung. |
|
|
Mé och aus hirer Haut loossen mir nach flott Sachen aus Lieder
machen: wertvoll Poschen, Porte-Monnien, Schong ,Rimmer a.s.w. |
Ausgeblosen Eer gin geholl fir
Decoratioun, fir ze bemoolen, fir
|
|
Blummengestecker , oder souguer fir Stéluuchten. Fiëderen kréie mer gefrot
vun Filmproduktiounen hei am Land, déi frou sin se nëtt brauchen aus dem
Ausland kommen ze loossen. |
| |
|
Mir machen och Visite-Guidéen. Vill Schoulklassen sin bis elo op eiser Farm passéiert, awer och Veräiner
froen fir eng Visite. Eng Führung dauert ongeféier eng Stonn. Mir machen t'Visiten awer nëmmen vun Abrëll
bis September.
Niewend der Wis wou d'Straussen lafen ass och eng flott Gemengen-Spillplatz.
Hu dir elo nach Froen? Zeckt nëtt eis ze kontaktéieren.
Villäicht gesi mer eis eng Kéier hei zu Fëlschdrëff op der Straussefarm.
Bis dann
Nach e puer extra Informatiounen zu eisen Straussen? Einfach hei klicken |